Eis Finanzplaz an Zuelen
Wousst der schonn dass eis Finanzplaz,…
- mat 16,4 Milliarden €, ronn 31% vun eisem BIP ausmécht1
- dee gréissten Eenzelsecteur vun der Lëtzebuerger Wirtschaft ass1
- ronn 51.000 Leit als Ganzes beschäftegt1
- all Joer ronn 4 Milliarden € un Taxen a Steieren un de Staat bezilt1
- fir all Euro deen se produzéiert, nach en hallwen Euro en plus direkt an déi lokal Ekonomie schéisst1
… a Saache Beschäftegung:
- ronn 51.000 Leit (12% vun den Aktiven zu Lëtzebuerg) sinn zu Lëtzebuerg op der Finanzplaz beschäftegt1
- déi 51.000 Leit, déi an de Finanzservicer schaffe sinn opgedeelt op: 1
- 47% am Banking
- 30% Verméigensverwaltung
- 8% Versécherungssecteur
- 15% Supportservicer
- all Job op der Finanzplaz schaft 1,4 Jobbe wou anescht an der Lëtzebuerger Wirtschaft1
… a Saache Banking:
- et ginn an eisem Land 126 Banken aus 27 Länner2
- 24.000 full-time Jobben1
- de Finanzsecteur zu Lëtzebuerg bréngt 8,2 Milliarden € u Plus-valuen1
- de Bilan vun de Banke chiffréiert sech op méi wéi 750 Milliarden €3
- d’Avoire vum Private-Banking chiffréiert sech op méi wéi 360 Milliarden €3
… a Saachen Asset Management:
- et ginn iwwer 500 Asset Manager zu Lëtzebuerg4
- d’Fongenindustrie beschäftegt 15.000 full-time Jobben1
- se bréngt circa 7,7 Milliarden € u Plus-value fir déi Lëtzebuerger Wirtschaft1
- dat ganzt Fongeverméigen (AuM) mat Sëtz zu Lëtzebuerg mécht iwwer 5.000 Milliarden €2 aus (deen zweetgréisste Fongemarché no den USA)
- 3.669 Fongen a 14.712 Deelfongen2 sinn zu Lëtzebuerg domiciliéiert
- Lëtzebuerger Investmentfonge ginn an 77 Länner op der Welt verkaaft5
- Lëtzebuerg huet e Maartundeel vun 58% a Saache grenziwwerschreidend Investmentfongen5
- 98 vun den 100 weltwäit gréisste Verméigensverwalter sinn zu Lëtzebuerg aktiv
… a Saachen Assurancesecteur:
- 291 Versécherungsfirme ginn et zu Lëtzebuerg6
- 41 Liewensversécherungen
- 55 Net Liewensversécherungen
- 196 Reassurancefirmen
- Iwwert 4.000 Leit schaffen full-time am Versécherungssecteur1
- Vun den 21,6 Milliarden € u Versécherungsprimme sinn7:
- 80% Liewensversécherungsprimmen
- 6% si lokal Liewensversécherungsprimmen
- 10% sinn international Net Liewensversécherungsprimmen
- 4% si lokal Net Liewensversécherungsprimmen
… a Saachen Kapitalmaart:
- zwou Boursse gi vum Lëtzebuerger Stock Exchange geréiert:
- Bourse vu Lëtzebuerg (EU-reguléiert)
- Euro-MTF (Bourse-reguléiert)
- op der Lëtzebuerger Bourse ginn iwwer 37.000 Titren (Wäertpapaieren) a 64 Wärunge vun iwwer 2.000 Emetteuren aus méi wéi 100 Länner kotéiert.
- d‘„Lëtzebuerger Gréng Bourse“, notéiert iwwer 700 Titren, dorënner10
- Nohalteg Obligatiounen: 277, zesummen 130 Milliarden $
- „Sozial“ Obligatiounen: 47, zesummen 33 Milliarden $
- Gréng Obligatiounen: 410, zesummen 193 Milliarden $
- d‘LGX féiert méi wéi d’Hallschent vun alle gréngen Obligatiounen an der Welt
- et si méi wéi 7 Billiounen € Verméigen am Depot (custody) vu groussen Nohandelsbetriber, dorënner Clearstream
… a Saachen anerer / Service-Provider:
- Et ginn zu Lëtzebuerg iwwer 272 reguléiert Fournisseure fir d’Finanzindustrie (PSF) 2:
- 102 spezialiséiert PSF-Firmen
- 72 PSF-Supportfirmen
- 98 Investmentfirmen (MiFID)
- D’Service-Provider beschäftegen ca. 7.500 full-time Jobben1
… a Saachen “Financial labelling”:
- Déi lëtzebuergesch finanziell Etikettéierungsagence – LuxFLAG – markéiert 354 Produkter,
Gesamt AuM vun 154,77 Milliarden €9
… a Saachen Brexit:
- 60 brittesch Finanzinstitutioune si schonn op Lëtzebuerg geplënnert fir hir europäesch Clienten nom Brexit weider betreien ze kënnen8
Sources:
1 The State of the Financial Sector in Luxembourg, Luxembourg for Finance, 2018 data
2 CSSF, September 2020, figures as of June 2020
3 ABBL, April 2019, figures as of December 2017
4 ALFI, January 2020
5 PWC, December 2020
6 CAA, April 2020
7 ACA, December 2018
8 LFF, Brexit tracker, June 2020
9LuxFLAG, Statistics September 2020
10 Luxembourg Green Exchange, data as of August 2020