Eis Finanzplaz, dat si mir all.

An deene leschte Méint huet den Covid-19 Virus déifgräifend Konsequenze mat sech bruecht. Et ass souwuel eng Gesondheetskatastrof wéi eng Katastrof fir eis Ekonomien.

Lëtzebuerg konnt awer op eng kräfteg Aart a Weis op dës Erausfuerderung äntweren. Mir hunn eis d’Mëttele ginn déi eise Gesondheetssystem an dëser eenzegaarteger Situatioun gebraucht huet. Et gouf des weideren e ganz zolitte Pak vu Mesurë geholl fir eis Betriber ze ënnerstëtzen an eis Aarbechtsplazen ze retten. Bis zu 3 Milliarden Euro wäert eis d’Covid Kris dëst Joer kaschten.

Dës Äntwert op de Virus war méiglech well mir iwwer laang Joren eng staark Ekonomie opgebaut hunn déi, net eleng mä zu engem gudden Deel, vun eiser Finanzindustrie gedriwwen ass.

Mir hunn et fäerdegbruecht zu Lëtzebuerg aus deem Secteur eng richteg Industrie ze maache fir déi mir am Ausland vläicht heiansdo kritiséiert ginn, mä och vill bewonnert. Et ass wuel richteg, dass der d’Finanzindustrie hire Ruff weltwäit duerch d’Finanzkris vun 2008 schwéier ramponéiert ginn ass, a sécher net ganz zu Onrecht. Mä et dierf een ni vergiessen dass et der Finanzindustrie hir Haaptfunktioun ass, eist Erspuertes ze verwalten an eis an eise Betriber ze hëllefen eis Projeten ze finanzéieren. Dëse Rôle erfëllen och eis Banken, Fongen an Assurancen zu Lëtzebuerg. D’Banken hunn dat elo an der Kris nees gewise wéi si de Betriber mat verlängerte Kreditter gehollef hunn. Eis Assurancen hunn no dem Tornado vum leschte Joer och keen am Reen stoe gelooss a bis haut ronn 65 Milliounen Euro un d’Affer ausbezuelt.

Entdeckt d'Finanzplaz Lëtzebuerg

Wealth management

  • Lëtzebuerg ass zënter den 1980er Joren een internationalen Haaptsëtz a Saache Private Banking
  • Lëtzebuerg huet eng eenzegaarteg Expertise fir Clienten an engem multinationale Kontext ze zerwéieren
  • „Verméigensverwaltung” ass e Mix vun: Portfolio Management, Successiounspläng, steierlech Berodung a villes méi

D’Talentakademie

Entdeckt méi

Eis Finanzplaz an Zuelen

  • D’Finanzplaz mécht mat 16,4 Milliarden €, 31% vun eiser Wirtschaft aus
  • Si ass dee gréissten Eenzelsecteur vun der Lëtzebuerger Wirtschaft
  • Si beschäftegt direkt ronn 51.000 Leit
  • De Finanzberäich zu Lëtzebuerg bezilt all Joer ronn 4 Milliarden € un Taxen a Steieren un de Staat
  • Fir all Euro deen zu Lëtzebuerg an der Finanzwelt produzéiert gëtt, leeft nach en hallwen Euro en plus direkt an déi lokal Ekonomie

Wat mécht en

Affekot

op der Lëtzebuerger Finanzplaz?

mam Lou

Entdeckt méi iwwert d'Finanzplaz Lëtzebuerg

Fintech

Fintech
Investment Hub
De Kapitalmaart
De Versécherungssecteur
Banking
Investmentfongen
Lëtzebuerg. Iwwer d’Grenzen erauswuessen
Eng Zukunft finanzéieren op déi mir houfreg kënne sinn
Lëtzebuerg. EU Hub fir international Finanzgeschäfter
Mir verbannen
Lëtzebuerg am EU Bannemaart: eng Welt vu Méiglechkeeten
D’Zukunft ass global, gréng an digital. Lëtzebuerg ass prett dofir.

Aktualitéit

24.03.2022

Assurancë wäerte laangfristeg an d'Luucht goen

E ganz groussen Deel vun de Primmen, déi vu Lëtzebuerger Assureuren geschriwwe ginn, ginn am Ausland geschriwwen. Rieds ass vun 42 Milliarden a 95 Prozent dovunner wei gesot am Ausland. Dofir huet de Krich an der Ukrain den Ament och keen direkten Impakt op den Lëtzebuerger Assurancen-Secteur. Dat sot de Marc Lauer, Président-sortant vun der Assurance- a Réassurance Associatioun ACA.

21.03.2022

Keng Infraktioune géint d'Sanktioune géint Russland

D’Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz huet confirméiert, datt Gelder agefruer goufen.

12.03.2022

4 Milliarden Avoiren an de Banke si vun de russesche Sanktioune concernéiert

Duerch d'Sanktioune géint Russland besteet kee systemesche Risk wat d'Lëtzebuerger Banken an d'Finanzplaz ugeet. Dat geet aus der Finanzkommissioun ervir, an där de Claude Marx, Generaldirekter vun der CSSF, der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur, déi Deputéiert iwwert hir Aarbecht informéiert huet.

05.01.2022

"Brexit ass déi gréissten Dommheet, déi e Vollek ekonomesch jee gemaach huet"

Lëtzebuerg huet sech net iwwert de Brexit gefreet, mä eis Finanzplaz huet awer dovunner profitéiert. Dat sot den Nicolas Mackel, de CEO vu Luxembourg for Finance war Invité vun der RTL Redaktioun.

03.12.2021

D'Yuriko Backes gëtt nei Finanzministesch

D’Yuriko Backes soll Finanzministesch ginn an de Pierre Gramegna ersetzen, dee jo seng Demissioun ugekënnegt huet. Domadder huet DP ee neien Member deen 2023 mat an d'Walen geet.

08.10.2021

Bei de Pandora Papers spillt Lëtzebuerg eng marginal Roll

D'Finanzplaz koum gutt duerch d'Pandemie a vum Brexit konnt de Standuert Lëtzebuerg zum Deel profitéieren, sou den Invité vun der RTL Redaktioun Nicolas Mackel, Chef vu Luxembourg for Finance.

28.06.2021

De Brexit, Ricardo a Smith

De Brexit dréit nach ëmmer de Risiko fir Europa als eng weltwäit Finanzplaz ze schwächen, awer et huet och d'Geleeënheet méi wéi e Null-Zomm-Spill ze ginn, andeems d'Complementaritéit vun de Finanzzentre genotzt gëtt. D'EU muss di aktuell Dynamik notze fir d'Bankenunioun ze konsolidéieren an e richtegen EU Kapitalmaart ze kreéieren.

19.05.2021

Virsiichtegt Optimismus am lëtzebuerger Finanzsecteur

Trotz bedeitend weltwäit Risiken ass déi lëtzebuergesch Finanzindustrie zouversiichtlech iwwer d'Zukunft.

12.05.2021

Dem Finanzsecteur seng Roll um Wee an eng nohalteg Zukunft

De Lëtzebuerger Finanzsecteur kéint eng wichteg Roll dobäi spillen, de Klimawandel ze bekämpfen.

23.04.2021

De Profit wäert net méi op Käschte vum Planéit goen

D’Finanz misst zu deem zeréckfannen, woufir se geduecht wier, an zwar d’Finanzéierung vun der reeller Ekonomie an d’Wuelsinn vun de Leit. Dat sot déi nei CEO vun der Lëtzebuerger Bourse, der Luxembourg Stock Exchange, d’Julie Becker.

13.04.2021

“Nach méi couragéis” an der Nohaltegkeet sinn

D’nohalteg Finanz wäert déi eenzeg Form vu Finanz vun der Zukunft sinn. Där Iwwerzeegung ass de Robert Scharfe, de CEO vun der Lëtzebuerger Bourse.

17.03.2021

GFCI 29: Finanzplaz Lëtzebuerg op Plaz 2 an der EU

D’Positioun vum Grand-Duché als féierend Finanzplaz gouf am aktuellen Global Financial Centre's Index (GFCI 29) erëm bestätegt.

09.02.2021

OpenLux

Deklaratioun vun der Lëtzebuerger Regierung a weider Informatiounen zum Thema OpenLux.

11.01.2021

D'Covid-19 Impakt op d'Finanzplaz

Dem Nicolas Mackel, CEO vu Luxembourg for Finance, no wäert d'Corona-Kris och en Impakt op d'Lëtzebuerger Finanzplaz hunn.

18.12.2020

D'Finanzplaz ass europäesch

Nicolas Mackel, CEO vu Luxembourg for Finance, am Interview mam Le Quotidien iwwert d'Roll vun vun der Lëtzebuerger Finanzplaz.

07.12.2020

D'Finanzplaz 2021 - D'Finanzplaz Lëtzebuerg gesäit e puer Wolleken um Himmel.

Dëst Joer ass villes geschitt. D'Pandemie, Brexit, niddregen Zënstaux, etc. Wei gesäit et aus vir d'Finanzplaz 2021?

23.11.2020

Staatsakommes ofhängeg zum Finanzsecteur

Den Avis vun der Cour des Comptes gouf e Méindeg de Moien an der Chamber-Finanz- a Budgets-Kommissioun presentéiert. An hirem Avis zum Budgetsprojet fir 2021 warnt d'Institutioun, datt d'Staatsschold „signifikativ" géif klamme bannent de nächste Joren.

21.11.2020

Eis Finanzplaz an d'Corona-Kris

De Covid-19 Virus deet eis alleguer zanter gutt néng Méint ze schaafen. D'Restriktiounen, déi néideg si géint d'Verbreede vum Virun hunn dann natierlech och Konsequenzen op eis Entreprisen, de Commerce, Restauranten, Hotelle wéi och Betrieber aus alle Secteuren.

09.11.2020

Finanzbranche kuckt nees méi skeptesch an d'Zukunft

Engem aktuelle Sondage no géing de Gros fir 2020 mat manner Akommes ewéi nach uganks vum Joer erwaart gerechent.

08.11.2020

D'Fongenindustrie dreift d'Erhuelung

Déi lëtzebuergesch Fongenindustrie huet déi éischt Effekter vun der COVID-19 Kris gutt iwwerstan. Fir d'Corinne Lamesch weist dës Widderstandsfäegkeet Vertraue vum Investisseur an d'Fäegkeet vun der Wirtschaft fir sech séier z'erhuelen.

05.11.2020

RTL Radio - Invité vun der Redaktioun

Nicolas Mackel, CEO vu Luxembourg for Finance, schwätzt am Interview mam Pit Everling iwwert den Impakt vun ënner anerem Brexit an d'Covid-Kris op Lëtzebuerg an eis Finanzplaz.

20.10.2020

Keen freet wou de Räichtum hierkënnt

Nicolas Mackel, CEO vu Luxembourg for Finance, am Interview mam Letzebuerger Wort iwwert eis Finanzplaz.

25.09.2020

GFCI 28: Lëtzebuerg, Finanzplaz Nummer 1 an der EU

Lëtzebuerg ass op en neits ganz uewen am Ranking vun de wichtegsten europäesche Finanzplazen, schreift de Global Financial Centres Index a senger neister Editioun.

22.09.2020

De Nicolas Mackel, CEO vu Luxembourg for Finance, op RTL

Am Interview mam Fränk Goetz am RTL Journal schwätzt de Nicolas Mackel iwwert d’Atouten, d’Roll an d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Finanzplaz.