Corporate Finance

  • Corporate Finance: Bank Operatioune fir Entreprisen
  • Lëtzebuerger Banke bidden internationalen Entreprisen eng multijuridiktionell Expertise an der Corporate Finance un
  • Esou kréien national wéi och international Entreprisë vu Lëtzebuerg aus déi néideg Finanzéierungsméiglechkeete fir hir Projeten ze realiséieren an hir global Operatiounen duerchzeféieren

Entreprisen, grouss oder kleng, brauche Kapital fir ze schaffen. All Decisioun déi mat Investitioune verbonnen ass, ass eng Decisioun déi viraussetzt, dass d’Suen intelligent agesat gi fir dass de Projet herno och rentabel ass.

Méi wéi jee agéieren d’Entreprisen haut an enger globaliséierter Welt déi sech ëmmer méi séier verännert. Entreprisë brauche fir sech unzepassen, een Accès zu deene richtege Finanzmëttel fir hir global Investitiounen an Operatiounen duerchféieren ze kënnen. Zum Beispill eng multinational Textilfabrick muss eng nei Maschinn fir eng nei Fabrick kafen. Et muss also decidéiert ginn, wéi vill Suen dofir néideg sinn, wou déi Sue sollen hierkommen a wéi se fir hiren Zweck agesat an investéiert ginn.

De Grand-Duché ass virun allem an der Welt fir seng Fongenindustrie a seng Verméigensverwaltung bekannt. Lëtzebuerg huet sech awer och eng eegen Expertise am Beräich vun der „Corporate Finance“ opgebaut.
Zu Lëtzebuerg si vill prominent Banken an deem Beräich aktiv. Dat heescht si bidden iwwert d‘Grenzen eraus Corporate Finance an déi dofir néideg Finanzservicer un. Esou kréien national wéi international Entreprisë vu Lëtzebuerg aus déi néideg Finanzéierungsméiglechkeete fir hir Projeten ze realiséieren an hir global Operatiounen duerchzeféieren.

Guardian Industries, Ferrero, Amazon, ArcelorMittal, SES, Goodyear, DuPont de Nemours, RTL, Skype an Delphi sinn nëmmen e puer vun deene Beispiller déi Lëtzebuerg als hire europäeschen oder internationale Sëtz ausgewielt hunn. Dës multinational Entreprisen hu Lëtzebuerg erausgesicht well se hei eng multijuridiktionell Expertise an der Corporate Finance vun de Banken op der Plaz gebuede kréien.